Soundcheck



Pedagogesch Concerte fir den C4



Dräi, zwee, eent… SOUNDCHECK!
Mat ganz vill Energie a Freed un der Musek hu ronn 900 Kanner aus dem C4 vum 30.06. bis den 2.07. déi nei Offer vu Pedagogesche Concerte vum SCRIPT agelaut. Eng professionell Band huet wärend deenen dräi Deeg am Mierscher Kulturhaus zesumme mat enger Moderatorin an engem Moderator de Public begeeschtert a matgerappt.

Wärend der Mëschung aus Concert a Bünespill goufen déi Jonk villes iwwer verschidde Stiler wéi Rock, Pop, Hiptop an Elektro gewuer. Den Organisateure vum SCRIPT-Projet Applaus war et iwwerdeems wichteg, dass d’Kanner heibäi net just d’Musek mat den verschiddenen Instrumenter an déi ënnerschiddlech Stiler besser kenne léieren, mee och erfueren dierfe wéi vill Spaass een op engem Liveconcert kann hunn.

Hei drënner fannt dir e flotte Video vum Event:




» Fotoen
Ceci est une vidéo de Vimeo. Cliquez ici afin d'accepter des cookies de Vimeo.