Groove and Lullaby



„Groove & Lullaby“ ass eng Sammlung vu 19 Lidder, déi alueden fir Nozelauschteren, Matzesangen a Matzemaache.

De Projet vun der Musekspädagogin Dominique Steiner verbënnt eingängeg Melodien, waarm Klangfaarwen a grooveg Elementer a gouf zesumme mat hirer Band MeLUDIC live am Studio opgeholl.

An der Band spillen den Arthur Possing (Piano), den Daniel Chavet (Guitar an deelweis Gesang), den Marc Demuth (Bass) an de Benoît Martiny (Percussioun).

Nieft der lëtzebuergescher Versioun gëtt et och eng däitschsproocheg Variant (12 Lidder).
Den Album gëtt ergänzt duerch e ganz léif illustréiert (vum Henri Schoetter) Lidderheft. Am Heft sinn souwuel déi lëtzebuergesch wéi och déi däitsch Versiounen dran. Et eegent sech besonnesch gutt fir Spill- a Grondschoulen awer och fir doheem ze sangen. D’Lidder gräifen ëmmer erëm d’Mehrsproochegkeet aus dem Alldag vun de Kanner zu Lëtzebuerg op a verbannen op eng spilleresch Aart a Weis Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.
Den Album ass och op alle bekannte Streamingplattformen erhältlech. D'Lidderheft a physisch CDen kann een iwwert meng Websäit dominique-music.lu bestellen.