Soundcheck



pedagogesch Concerte mat moderner Musek fir den C4



Loscht op een opreegende Concert fir är Klass?

Dann ass eise pedagogesche Concert „Soundcheck“ genau dat Richtegt fir iech!

Am Mierscher Theater kréien d’Kanner aus dem Cycle 4 d’Méiglechkeet an déi modern Musekswelt eranzelauschteren an déi verschidde Museksgenre Rock, Pop, Hiphop an Elektro besser kennenzeléieren. Och déi aktuell vill gelauschtert Stil-Mëschung ass bei eis Thema! Niewent engem Concert mat professionelle Musiker heescht et och fir d’Kanner aktiv als Publikum matzemaachen.

Wann dir interesséiert sidd, da mellt iech séier un!

Wéini?

Dënschdes den 30. Juni 2026,
Mëttwochs den 1. Juli 2026,
Donneschdes den 2. Juli 2026

De Concert ass ëmmer vun 09:30 Auer – 11:00 Auer
D'Diere ginn um 9:00 Auer op

Wou?

Mierscher Theater

Fir wien?

Cycle 4

Mir freeën eis op ee musekalesch aktive Moie mat iech!

Bis geschwënn,

Är Ekipp vun APPLAUS

Hei geet et bei d'Inscriptioun